Kultur
Heiner Müller, e groussen däitsche Dramatiker
Den Heiner Müller war ee vun de sproochleg talentéiersten a politesch grad ewéi theoretesch strengsten an verséiersten Dramatiker am däitschsproochegen Raum an e gëtt ouni Zweifel mam grousse Bert Brecht an engem Otemzuch genannt. Mat enger Zigarr am Mond an engem Glas Whisky am Grapp géif den Heiner Müller och haut nach haart iwwert déi sëllege Finanzkrisen diskutéieren, soen wou si hier kéimen a wien dofir responsabel wär. Den Heiner Müller huet sech ëmmer mat de grousse, globalen Problemer ausernee gesat. Déi éiweg aktuell Mënschheetstheme wéi Krich a Muecht, Korruptioun a Moral, Léift an Doud waren dem Heiner Müller seng Spezialitéit. 1995 ass den Heiner Müller gestuerwen, dëser Deeg gëtt u säin 90. Gebuertsdag geduecht.