Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - 100080

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Nailed To Obscurity

Nailed To Obscurity

Release vun der Woch: Nailed To Obscurity - Black Frost (9,5/10)

D'nächst Woch bréngt déi däitsch atmosphäresch Progressive Metal Band Nailed To Obscurity hire 4. Album Black Frost eraus. Verëffentlecht gëtt den Album vu kengem Geréngeren, wéi vum beléiften a bekannten däitsche Label Nuclear Blast. Zwar gouf d'Band well ënner Vertrag geholl, iert Nuclear Blast den neien Album héieren huet, mä et ass trotzdem wuelverdéngt, dass dësen Album hei verëffentlecht gëtt.

OP Black Frost weise sech déi 5 Borschten nämlech progressiv a kuerzweileg, wéi nach ni virdrun an hunn eng Atmosphär opgebaut, déi sengesgläiche sicht. Alleng de Fakt, dass d'Musek op Black Frost nach méi doomeg an nach e Krack méi lues, dofir awer ëmsou méi intensiv ass, dréit vill dozou bäi.



D'Songs sinn iwwerdeems méi strukturéiert, méi duerchduecht an et huet een zu kengem Moment d'Gefill, dass einfach nëmme Riffer unenee gepescht goufen, mä dass d'Band bei all Riff, bei all Hook a bei all Iwwergang genee iwwerluecht huet, wéi eng Wierkung dat ganzt soll hunn an esou déi richteg Akzenter op de richtege Plaze sëtzt.

Ervirhiewe kann een och, dass sech d'Band och op egem techneschen Aspekt weiderentwéckelt huet, ënnert anerem och de Sänger Raimund, deen op Black Frost nach vill méi Dynamik a seng Stëmm bruecht huet, wéi nach op King Delusion.

Als Fazit kann ee soen, dass Black Frost een atmosphäresche progressive Melodeath Album, deen absolut näischt ze wënschen iwwreg léisst an a Punkto Dynamik kaum nach ze iwwertreffen ass.

Playlist

Iced Earth - Desert Rain

Any Given Day - Loveless

Soilwork - Stålfågel

Candlemass - The Omega Circle

Ghost Ship Octavius - Edge Of Time

Nailed To Obscurity - Aberrant Host

Children Of Bodom - Under Grass And Clover

Hammerfall - Dreamland

Whitechapel - Black Bear

Shadowhispers - Slow Death

Episoden