Kultur
Esch 2022 - Wéi geet et weider?
Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet ass nach net komplett, d'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. Am Moment setzen d'Generaldirectrice Nancy Braun an den artisteschen Direkter Christian Mosar zu Déifferdeng, well nach keng Büroen zu Esch disponibel sinn. Trotzdeem gëtt elo mat der neier Kommunikatiounspersoun versicht am Dossier Esch 2022 weiderzekommen. D'Nancy Braun verréit am Gespréich mat der Valerija Berdi, wou de Projet aktuell drun ass a wat déi nächst Schrëtt a Richtung Kulturhaaptstad sinn.