arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik "Climax"
Dat lescht Wierk vum Kultregisseur Gaspard Noé war ee vun dräi Filmer, déi d'Martine Reuter an de Michel Delage de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat hunn. "Climax" ass e Huis-clos, an deem eng Street dance-Trupp eng Choreographie üübt. No enger impressionnanter Danzzeen degeneréiert d'Situatioun, de Film entwéckelt sech zu enger Zort psychedeleschem Trip.