Aktuelles
Brexit: Reportage vun der nordirescher Grenz
A manner wéi dräi Méint, den 29. Mäerz, soll Groussbritannie bekanntlech aus der Europäescher Unioun austrieden. Nach ëmmer gëtt et keen Accord tëschent London a Bréissel doriwwer, wéi dat genee soll fonctionnéieren - an dat virun allem wéinst der Grenz tëschent Nordirland an Irland. Déi nordiresch Partei DUP, op där hir Ënnerstëtzung d'Regierung vun der Teresa May ugewisen ass, wëllt op kee Fall dee sougenannte Back Stop Plang acceptéieren. Dëse gesäit jo vir, datt et och nom Brexit, an enger Iwwergangsphas, keng haart Grenz tëschent Nordirland an Irland wäert ginn, esou datt Mënschen a Wuere weiderhin ouni Problem hin an hier passéiere kënnen. De Simon Larosche ass am Moment an Irland a war Leit op béid Säite vun der Grenz ëm hir Meenung froen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)