Aktuelles
Neie Kongress, an nach ëmmer e Government Shutdown
An den USA huet en Donneschdeg eng nei Ära ugefaangen am Kongress, well do hunn Demokraten d'Kontroll iwwerholl. Fir déi éischte Kéier a senger Zäit am Wäissen Haus huet den Donald Trump et elo mat engem Kongress ze dinn, dee politesch an zwee gespléckt ass. D'Republikaner hu weiderhin d'Kontroll am Senat, mee am Representantenhaus ass d'Demokratin Nancy Pelosi elo d'Cheffin. Si huet iwwer e Vott presidéiert fir dee 14-Deeg laange Shutdown op en Enn ze bréngen, mee Republikaner am Senat an d'Wäisst Haus hunn dëse Gesetzesprojet verworf, wéinst dem Mangel u Budget fir eng Mauer op der Grenz mat Mexiko.
De radio 100,7 Washington-Korrespondent Philip Crowther mécht de Resumé.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)