arrow_back_ios
Zäithistoriker
Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden
D'Nokrichsepuratioun huet an enger Biergerkrichsatmosphär stattfonnt. Fréier Kollaborateuren an hir Familljememberen hunn dono nach jorelaang eng Minoritéit vun ofgegrenzten Apatridë gebilt. Well een déi Leit awer net konnt lassginn gouf et néideg, hir Attitüd ze vergiessen. D'Amnestie huet den zéngjärege Biergerkrich ofgeschloss. Dono konnt behaapt ginn, datt d'Lëtzebuerger all resistéiert haten.