arrow_back_ios
Kultur
Château de Mansfeld - Une hypothèse de reconstruction virtuelle
E virtuelle Rekonstruktiounsversuch vum Schlass vum Peter Ernst vu Mansfeld, fréiere Gouverneur vu Lëtzebuerg:
Den Dënschden Owend (25.9.) gouf an den Nationalarchiven de Film iwwer d'Schlass Mansfeld virgestallt. Dëse Film, mat sengen 3D Perspektiven, weist ënner anerem den Emplacement vum Schlass a Clausen selwer, mee erlaabt och e Bléck an dëst Schlass eran, dat sengerzäit eng vun de bedeitendste Residenzen aus der Renaissance Zäit war. D'Martine Reuter huet de Film gekuckt.