arrow_back_ios
Kultur
Nicolas Mathieu e Sonndeg um radio 100,7
Den Nicolas Mathieu gouf dëst Joer mat sengem Roman "Leurs enfants après eux" mam renomméierte franséische Literaturpräis, dem Prix Goncourt, ausgezeechent. Wat heescht et an den 90er Joren a Louthringe jonk ze sinn? Gefaangen tëschent der industrieller Vergaangenheet an dem räichen Nopeschland? Iwwer säi priméiert Buch schwätzt de Jean Portante mam Nicolas Mathieu dëse Sonndeg um radio100,7. D'Valerija Berdi mat engem Virgeschmaach op "Voix d'auteurs".