arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Friddenslidd
D'Stille-Nacht-Gesellschaft huet eng jett Efforte gemaach: Si huet ee Stille-Nacht-Musée ageriicht, Joer fir Joer gëtt een "Joseph-Mohr-Singen" organiséiert an och een "Stille-Nacht-Wee" amenagéiert. Et geet den Initiateuren drëm, dat populäert Chrëschtlidd wierklech an all Eck vun der Welt ze droen an och seng grouss Bedeitung als Friddenslidd ze ënnersträichen. Dat gëllt besonnesch haut - um 200. Gebuertsdag vun dem bekanntste Chrëschtlidd.