arrow_back_ios
Kultur
Buchtipp: "Gilets de sauvetage"
Den Auteur Allain Glykos ass 1948 zu Bordeaux op d'Welt komm, de Papp war - wéi de Familljennumm et suggeréiert - en immigréierte Griich, d'Mamm eng Bauerenduechter aus der Charente. Hire Fils huet déi franséisch Nationalitéit, ass Unisproff an huet bis haut donieft gutt 20 Bicher erausbruecht. Bei deem leschten "Gilets de sauvetage" handelt et sech ëm eng Grafic Novel, eng Zesummenaarbecht mam, 40 Joer méi jonken, franséischen BD-Zeechner Antonin. E Buchtipp vum Kerstin Thalau.