arrow_back_ios
Commentaire
"Eng komplex an alarmant Realitéit"
Gëtt et bei der Berechnung vum Lëtzebuerger Bruttoinlandsprudukt, dem sougenannte PIB, en "delikate Problem"? Dat behaapt d'Statistikverwaltung Statec jiddefalls an enger Nott fir d'Koalitiounsverhandlungen. D'Berechnung vum PIB muss nämlech eventuell wéinst Eurostat-Reegelen adaptéiert ginn. An dat kéint eng Hausse vum PIB vu ... 15 Prozent mat sech bréngen. E grousse politeschen an ekonomeschen Enjeu. Ëmsou méi erstaunt et, datt de Statec, de Finanzministère an Eurostat sech net wëllen dozou äusseren, mengt d'Pia Oppel.