arrow_back_ios
Kultur
2019 gëtt Dominique-Lang-Joer
Dem Diddelenger Moler Dominique Lang säin Talent hunn d'Lëtzebuerger zu senge Liefzäiten net erkannt. Dach, e puer wéineger: zum Beispill den Abbé Bernard Frantz, dee beim Lang Aarbechten an Optrag ginn, an hien esou finanziell ënnerstëtzt hat. Vu datt de Geeschtleche seng Lang-Wierker um Enn vu sengem Liewen dem Nationalmusée vermaacht huet, ass op eemol eng aner Ausenanersetzung mam Kënschtler méiglech gewiescht. 2019 soll zu Diddeleng en Dominique-Lang-Joer ginn. D'Kerstin Thalau mat Explikatioune.