arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng musikalesch Mëttesstonn mat Iwwerraschungen
E Freideg, den 21. Dezember steet an der Stad an der Protestantescher Kierch e Concert de Midi mam Ensembel Ad Libitum op der Affiche. Zesumme mat dräi Soliste proposéiert de Barock-Ensembel e Concert Surprise mat Wierker vun de Komponisten Heinrich Ignaz, Franz Biber, Georg Friedrich Händel, Giuseppe Torelli an Antonio Vivaldi. De Luc Boentges huet mam Rosch Mirkes vun Ad Libitum iwwer de Programm an d'Soliste geschwat.