Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Abstract Rapture

Abstract Rapture

Release vun der Woch: Abstract Rapture - Hollow Motion (8/10)

6 Joer ass et hir, dass se hire leschten Album op d'Metalzeen lassgelooss hunn, haut ass et nees esou wäit. Abstract Rapture hunn hiren neien Album "Hollow Motion" um Start.. Dementspriechend héich waren d'Erwaardungen. Déi Erwaardunge goufe bei mir allerdéngs réischt no an no erfëllt. Beim éischte Lauschteren am Auto hat ech nämlech de Problem, dass ech déi Saachen, déi sech bei der Band geännert hunn, wéinst der dach bësse verschwommener Produktioun net immens gutt eraushéieren hunn an dowéinst der Meenung war, d'Band hätt sech ze vill virgeholl an et wier näischt ginn. Wéi ech dunn den Album bis eng zweete Kéier op enger anerer Anlag an an engem anere Kontext gelauschtert hunn, hunn ech réisct gemierkt, wéi falsch ech loung.

Wéi der vläicht matkritt hutt, sinn de fréiere Gittarist Yogy an de Bassist Stephen net méi dobäi a goufe vum Alex a vum Maks ersat, déi allenzwee bei Retrace MY Fragments gespillt hunn, bzw spillen. Vill méi technesch sinn Abstract doduerch zwar net ginn, ma et mierkt een, dass awer aner Leit um Songwriting bedeelegt waren, wéi op Earthcrush, well sech ënnert anerem nei Elementer an d'Musek mat ageschlach hunn, déi et fréier net wierklech gouf, wéi z. B. een instrumentalen Inderlude mat klassescher Gittar. Ma och bei de Riffer u sech stécht den Däiwel op dësem Album am Detail.

An dat sinn ebe Saachen, déi ech réischt mat Kopfhörer richteg eraushéieren hunn, an elo och am Auto héieren a schätze kann.

Glécklecherweis huet d'Band et och fäerdeg bruecht, dat ideaalt Gläichgewiicht tëscht neien Elementer an dem typeschen Abstract Rapture Geriffs ze behalen, a sou fillt ee sech als Abstract Fan schonn direkt beim Opener A Promise From The Ghouls wéi doheem.



A genee sou geet et och op de weidere Lidder virun. Déi bescht Stécker wéi Endless Chapter, Blood-Red Revolt oder Inner Plague sinn alleguer eng gesond Mëschung aus dem typeschen Abstract Spillspass, Groove a virtuose Soloen an den neien, bësse méi verzwickte Riffer, an et steet der Band immens gutt zu Gesiicht. De Quintett huet et op Hollow Motion fäerdeg bruecht, dat bescht vun Abstract ze huelen a Songwriting-technesch nach een drop ze setzen. De Spit ass op den Drums nach ëmmer genee esou dat virtuoost an tight Groove-Béischt, wéi ëmmer an den Dritt ass a Punkto Gesang nach méi staark a melodiéis ginn.

An a Punkto Groove an Heaviness gëtt et mat Hollow Soul och nach eng Léierstonn fir déi Bands, déi mengen et misst ee seng Gittare just méi déif stëmme fir heavy ze kléngen. Hollow Soul ass e richtegen Headbanger.

Mat Hollow Motion bidden Abstract Rapture hire Fans effektiv een Album, ob deen et sech gelount huet ze waarden. Eenzege Malus ass, wéi gesot d'Produktioun, déi ech ze vill schwammeg fannen. Doriwwer eraus kéinten d'Gittare bësse méi Sustain hunn. Mä dat ass Gemeckers op héijem Niveau an am Endeffekt och just Geschmackssaach.

Highlight vum Album ass iwwregens definitiv Inner Plague, gëtt ee bei deem Song dach staark un Dead End Entry, a gläichzäiteg u Satyricon erënnert.

Playlist

Metallica - Fight Fire With Fire

Dream Theater - Untethered Angel

The Spirit - Illuminate The Night Sky

Lovebites - Pledge Of The Savior

Kadinja - The Modern Rage

Abstract Rapture - Inner Plague

Nothgard - Guardians Of Sanity

Burning Witches - Open Your Mind

Korpiklaani - Kuin korpi nukkuva

Abstract Rapture - Blood Red Revolt

Allegaeon - Grey Matter Mechanics - Appassonata Ex Machinea

Episoden