Klassik aktuell
Bach a Brahms
De Johannes Brahms war e grousse Bewonnerer vum Bach a senger Musek. Am Concert, de 16. Dezember 2018 um 11:00 Auer mat der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern an der Congresshalle vu Saarbrécken, treffe béid Komponisten openeen. De Pietari Inkinen dirigéiert de Concerto fir Hautbois vum Bach an de Concerto fir Gei vum Johannes Brahms. Als Solisten erliewe mir de Veit Stolzenberger um Hautbois an de Vadim Gluzman op der Gei. Am zweeten Deel vum Concert steet dann déi 3. Symphonie vum Serge Prokofjew um Programm.
Dëse Concert iwwerdréit de radio 100,7 e Sonndeg live aus der Congresshalle zu Saarbrécken.