Klassik aktuell
Vun enger Wallis zu engem Fuerschungsprojet
E Méindeg, de 17. Dezember proposéiert de CID Fraen an Gender e Virtrag iwwer d'Liewen an d'Wierk vun der Musekerin Béby Kohl-Thommes. Ausgeléist gouf dëse Fuerschungsprojet duerch eng Wallis mat ronn 350 Dokumenter vun der 2016 verstuerwener Sängerin. Aus dësem Projet soll elo deen däitsch-lëtzebuergesch-franséische Projet MUGI LUX entstoen am Kader vun der Datenbank Musik und Gender im Internet.
De Luc Boentges huet mat der Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster vum CID Fraen an Gender iwwer d'Béby Kohl-Thommes, d'Presentatioun vum Projet an iwwer MUGI LUX geschwat.