arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Eegeninitiativ, déi sech gelount huet
Am Kader vun hiren Etüden huet déi jonk Pianistin Valeria Cacopardo d'"Rhapsody in Blue" vum George Gershwin astudéiert. Well si do, wou si studéiert huet, awer keng Geleeënheet hat d'Stéck op d'Bühn ze bréngen, huet si einfach den Telefon an de Grapp geholl a bei der Militärmusek ugeruff. Eng Eegeninitiativ, déi sech gelount huet: E Freideg (14.12.2018) trëtt d'Valeria Cacopardo zesumme mat der Militärmusek zu Téiteng an der Schungfabrik op.