arrow_back_ios
Kultur
Warrior vun der Anne-Mareike Hess
No den zwee éischten Deeler "Synchronization in progress" a "Give me a reason to feel" presentéiert déi Lëtzebuerger Choreographin an Dänzerin Anne-Mareike Hess elo den drëtten Deel aus hirer Rechercheaarbecht iwwer emotional Kierperen. An "Warrior" geheit si Froen op, déi sech ëm déi mënschlech Zerbriechlechkeet an déi ënnerlech Zerrassenheet dréien. Muss een an eiser Zäit ee Warrior sinn, souzesoen géint alles an de Krich zéien, fir duerch d'Liewen ze kommen? De Claude Faber war op eng Prouf vu "Warrior" kucken.