Kultur
Éischt Pressekonferenz vun der neier Kulturministesch
D'Ënnerstëtzung vun Music:LX, fir déi Lëtzebuerger Musek am Ausland ze promovéiere wär e gutt Beispill, wéi och an anere Kulturberäicher geschafft kéint ginn, mengt déi nei Kulturministesch Sam Tanson. Deemno war et hir eng besonnesch Freed op der Presentatioun vum Bilan 2018 vu Music:LX dobäi ze sinn an déi wäertvoll Aarbecht ze ënnersträichen. Mee och de Kulturentwécklungsplang, e sougenannten Arts Council an e Guichet unique fir Artiste sinn op dëser éischter Pressekonferenz vun der Sam Tanson ugeschwat ginn. De Claude Faber mat Detailer.