arrow_back_ios
Kultur
Centenaire vum Alexander Issajewitsch Solschenizyn
De Stalin huet hie verhaften an an de Gulag aspäre gelooss, de Chruschtschow huet säin éischt Buch "En Dag am Liewe vum Iwan Denissowitsch" autoriséiert, de Breschnew huet hien aus Russland gehäit, de Gorbatschow huet hien heem komme gelooss, de Putin hält en héich: de berühmtste russeschen Dissident, den Auteur a Mathematiker, Alexander Issajewitsch Solschenizyn hat en ambivalent Verhältnis zu der russescher Muecht. Den 11. Dezember 2018 wier hien 100 Joer al ginn. D'Kerstin Thalau kuckt op säi Liewen zeréck.