arrow_back_ios
Blue Note
Big Band / Cinéphonie Noir & More
D'Big Band vun der Militärmusek spillt den 19. Dezember 2018 am Mierscher Kulturhaus. Den Ernie Hammes iwwergëtt bei där Geleeënheet d'Direktioun un de Raoul Christophe.
"Cinéphonie Noir" ass eng Jazzsinfonie a véier Sätz vum Félix Behrendt. Den duebelen Disk koum an Zesummenaarbecht mam NDR eraus, mat engersäits dëser Cinéphonie Noir, mee och mat enger Versioun genannt "Cinéphonie Noir Electro".
Am Agenda stinn am Dezember nach e puer Jazz-Concerten um Programm.