arrow_back_ios
Kultur
Trier und der neue Verbund zur Römerforschung
D'Stad Tréier ass am Besetz vun de bedeitendsten Reschter vun enger spéitréimescher Keeserresidenz. Fir des Zäit nach besser z'erfuerschen ass déi lescht Woch e Fuerschungsverband mam Numm VaKT gegrënnt ginn. D'Grënner vum "Verbund zur Erforschung der antiken Kaiserresidenz Trier" sinn d'Rheinescht Landesmuseum ze Tréier an d'Fach Archäologie op der Tréierer Uni. Och déi Lëtzebuerger Uni huet Interessi gewisen. E Bäitrag vun der SWR-Mataarbechterin Claudia Kroll.