arrow_back_ios
Kultur
Diddeleng sicht Dominique Lang'en
"Dominique Lang" ass haut den Numm vun enger Diddelenger Galerie. Benannt ass se nom Diddelenger Moler Dominique Lang, gebuer 1874 a gestuerwen 1919. Am Kader vum 100. Doudesdag 2019 plangt d'Gemeng Diddeleng eng grouss Lang-Retrospektiv. Partnere si scho fonnt, och de Christian Mosar als Ausstellungscommissaire, feele just nach eng Rei Wierker. Dowéinst gouf elo zu Diddeleng en Appell lancéiert. D'Kerstin Thalau war lauschteren. An zwar an de Festsall vun der Gemeng. An dat hat säi Grond.