arrow_back_ios
Kultur
25 Joer - International Vernetzung vu KulturInstituter
Mäerz 1983: den onofhängege Bréisseler Kulturzentrum "Les Halles de Schaerbeek" invitéiert onofhängeg Strukture vu Kopenhagen, Koblenz, Amsterdam, Göteborg, Paräis an Zürich fir Experienzen auszetauschen. Wat deemools zu 7 lass getrëppelt ginn ass, huet sech bis haut zum Netzwierk TEH, "Trans Europe Halles", mat knapps 100 Memberen entwéckelt. Am Kader vun eiser Série iwwert 25 Joer radio 100,7 huet d'Kerstin Thalau mat lëtzebuerger TEH-Memberen iwwert 35 Joer Trans Europe Halles geschwat.