Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Skull Pit

Release vun der Woch: Skull Pit - Skull Pit (6/10)

Skull Pit, sou nennt sech eng nei Band vum Tatsu Mikami vun Church of Misery a vum Mem von Stein vun Exumer, déi sech online kennegeléiert hunn an doropshin entscheet hunn en neie gemeinsame Projet ze starten. Mee den Debutalbum mam selwechten Numm kléngt net wierklech nom Old-School Thrash Metal, deen ee vun Exumer kennt, bzw nom "Doom" vun Church of Misery. Vill méi huldegen déi zwee Museker an hirem neie Projet dem Rock n Roll, dat natierlech mat engem gesonde Mooss u Stol.

Datt dobäi eppes erauskënnt, dat liicht un d'New Wave of British Heavy Metal erënnert, ass normal, war dat dach deemools schonn d'Rezept vun de Bands, déi dee Genre agefouert hunn. Mee et ass awer virun allem eng Band, där bei Skull Pit all Éier gemaach gëtt, nämlech Motörhead. Virun allem gëtt dat duerch déi rotzeg Produktioun an dem Mikami sengem dreiwenden a gallopéierende Bass däitlech.



Leider ass dat awer och sou zimlech alles, wat Skull Pit kann. Déi meescht Stécker kommen trotz der Erfarung vun de Bandmemberen net un aner Bands mat ähnlechem Stil erun. Doriwwer eraus mierkt een iergendwéi och, datt d'Musker ni wierklech zesumme gejammt hunn an ni gemeinsam an enge Proufraum waren. Et héiert een, datt et alles Iddie sinn, déi online ausgetosch a separat vuneneen opgeholl goufen. Den Album wierkt bëssen unenee gepecht, zwar mat ville gudden Usätz, awer ouni vill Zesummenhang an Atmosphär.

Ee schlechten Album ass Skull Pit awer och net, e léisst sech net schlecht lauschteren, e geet gutt virun a plazeweis gëtt een och zolidd matgerappt.

Fir mäi Goût sinn awer, wéi gesot, net genuch Iwwerraschungsmomenter an net genuch Dynamik um Album fir e wierklech an d'Top-Rotatioun ze geheien.

Playlist


Iron Maiden - Powerslave
Thy Art Is Murder - Death Perception
Accept - Shadow Soldiers
Dust Bolt - Dead Inside
Farmer Boys - Faint Lines
Skull Pit - Fire Breather
Aenimus - Before The Eons
Annisokay - Escelators
Currents - Ino Despair
Atomic Rocket Seeders - New Age Role Models
Long Distance Calling - Out There

Episoden