Klassik aktuell
Shéhérazade fir Trio
Nom Projet "Julia goes Mercutio" schafft den Trio Françoise Tonteling (Piano), Annemie Osborne (Cello) a Mich Mootz (Vibraphon) un engem neie Projet. Dës Kéier daucht den Trio an d'Welt vun der Fantasie an de Märercher mat exoteschem Flair an. Déi gewalteg symphonesch Dichtung "Shéhérazade" vum Nikolai Rimsky-Korsakov fir groussen Orchester huet den Trio fir sech fräi arrangéiert. "Shéhérazade au pays des merveilles" ass den 3. Dezember 2018 am Kammermusekssall vun der Philharmonie ze héieren. De Manuel Ribeiro huet den Trio am Stater Conservatoire an enger Prouf getraff.