Aktuelles
Accueilskonditioune vun Asyldemandeuren
Zu Lëtzebuerg géif relativ vill fir den Accueil vu Flüchtlinge gemaach ginn, mee et géifen awer och nach vill Chantiere ginn. Dat constatéiert déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem Rapport iwwer d'Accueilskonditioune vun Demandeuren a Beneficiairë vun enger internationaler Protektioun. D'Autonomie vun dëse Persoune wier staark ageschränkt an et géife grouss Ënnerscheeder tëschent deene verschiddene Wunnstrukture ginn - verschiddener wieren net an engem mënschewierdegen Zoustand. Doriwwer eraus wier virun allem den Accueil vu besonnesch vulnerabele Persounen net adaptéiert. D'Fanny Kinsch mat Detailer.