arrow_back_ios
Kultur
30 Joer Galerie Clairefontaine
Den 1. Dezember 1988, deemno viru genee 30 Joer, huet d'Marita Ruiter hir Galerie Clairefontaine zu Lëtzebuerg opgemaach. Ugangs huet si klassesch modern Moler aus hirer Heemecht Éisträich gewisen, mëttlerweil ass si éischter bei zäitgenëssesche Kënschtler, organiséiert all Hierscht de Foto-Festival Photomeetings a publizéiert verschidde Fotobicher. Sou zum Beispill d'"Luxembourg portraits". En neie Volume ass fir den 1. Dezember geplangt. Explikatioune vum Kerstin Thalau.