Klassik aktuell
"www.yeswecancan.koeln"
D'Kölner Offenbach-Gesellschaft organiséiert fir 2019 125 Eventer am Kader vum 200. Gebuertsdag vum Komponist. Den Offenbach ass vu Köln gewiescht an huet och do seng éischt Museksstudie gemaach. Am Alter vu véierzéng Joer plënnert d'Famill op Paräis, an der Hoffnung e bessert Liewe féieren ze kënnen. Beim Can Can denkt een direkt um Jacques Offenbach seng Musek aus der Oper "Orphée aux Enfers", bis haut e Symbol vum Paräisser Liewen um Enn vum 19. Joerhonnert. "Yeswecancan", dat ass d'Konzept zu Köln fir d'Offenbach-Joer 2019. De Manuel Ribeiro mat Detailer.