arrow_back_ios
Klassik aktuell
Canto Ostinato
An de 70er Joren erlieft d'Minimal Music, déi sech ënner anerem duerch repetitive Strukture charakteriséiert, hiren Héichpunkt. Komponiste wéi de Steve Reich, de Philipp Glass an den John Adams sinn d'Protagoniste vun der Zeen. An Holland léist de Simeon ten Holt mat sengem "Canto Ostinato" een Hype aus, dee bis haut nokléngt. De Perkussionist Victor Kraus huet d'Partitur elo fir eng Besetzung mat Bléiser an Cello adaptéiert.