arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nei Weeër
Laang Joren hu si am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg zesumme musizéiert, éier d'Weeër sech getrennt hunn. D'Flüttistin Hélène Boulègue huet eng nei Erausfuerderung beim SWR-Symphonieorchester zu Stuttgart gesicht, de Klarinettist Olivier Dartevelle ass zanter Kuerzem an der Pensioun. Elo kräize sech hir Weeër nees fir e gemeinsame Projet: den Olivier Dartevelle huet eng Kompositioun fir d'Hélène Boulègue geschriwwen, déi iwwermuer am CAPE uropgefouert gëtt.