Aktuelles
Nom Brexit-Sommet: Wéi geet et elo virun?
Historeschen Dag gëschter zu Bréissel. Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Europäescher Unioun gouf een Austrëtts-Accord ugeholl. Um Enn gouf deen Accord ouni grouss Diskussiounen duerchgewénkt, op engem aussergewéinlech kuerze Sommet. Déi grouss Fro awer, déi sech scho gëschter jiddweree gestallt huet, bleift: Wéi geet et elo virun? De Ball läit zu London, an do gesäit et den Ament net dono aus, wéi wann deen Accord op vill Géigeléift stousse géif. D'Danièle Weber vu Bréissel iwwer déi méiglech Zeenarien.