Panorama
Panorama
Den Echec vun der Initiativ Planetary Resources wier kee Réckschlag fir d'Lëtzebuerger Weltraumagence - dat seet den Direkter vun der Luxembourg Space Agency am 100,7 Interview
Muer ass Internationalen Dag géint d'Gewalt géint d'Fraen - am Virfeld dovun war de Moien e Marche de solidarité hei an der Stad, 600 Leit hunn Deel geholl
Een Dag virum ausseruerdentlechen EU-Brexit-Sommet huet Spuenien d'Drohung säi Veto anzeleeën opginn: et hätt een a leschter Minutt Garantië kritt
Déi däitsch Ska Keller an den Hollänner Bas Eickhout si Spëtzekandidate fir déi europäesch Gréng fir déi nächst Europawahlen
D'Protester vun de Gillets jaunes sinn haut virugaangen, allerdéngs war d'Participatioun bedeitend méi niddereg wéi leschte Weekend
De Stopp vun däitsche Rüstungs-Exporter u Saudiarabie gëllt viraussiichtlech just fir zwee Méint
Am arabesche Kinnekräich Bahrain sinn haut Parlaments- a Kommunalwahlen
D'Majoritéit vun der Bevëlkerung huet haut géint den Homo-Mariage gestëmmt - dat obwuel e Geriichtsuerteel vun 2017 d'Regierung obligéiert, d'Bestiednis opzemaachen