Panorama
Panorama
Um Enn war et just eng Formalitéit: Zu Bréissel gouf deen "bescht-méiglechen" Brexit-Deal duerch gewénkt - eng historesch Decisioun op engem aussergewéinlech kuerze Sommet
Haut ass internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen
D'Läich vun der Persoun, no där d'Police an de CGDIS e Freideg ouni Erfolleg gesicht haten, ass haut vu privaten Taucher fonnt ginn
D'Police mécht en Zeienopruff wéinst ofgeseete Beem
A Frankräich huet d'Gilets jaunes Beweegung fir den nächste Samschdeg erëm zu Protester géint de President Emmanuel Macron opgeruff
D'Schwäizer hunn an engem Referendum mat grousser Majoritéit dogéint gestëmmt, d'nationaalt Recht ëmmer iwwer dat internationaalt ze stellen
D'Bëschbränn a Kalifornien sinn elo zu 100 Prozent ënner Kontroll
Et gëtt keen Accord tëschent Mexico an den USA, wat d'Asyldemandeuren zu Tijuana ugeet - déi designéiert mexikanesch Inneminister dementéiert d'Meldung vun der Washington Post
A Syrien huet de Militär vum Bashar al Assad senger Regierung mat Ënnerstëtzung vu russesche Loftugrëff eng demilitariséiert Pufferzon am Norde vu Syrien attackéiert
Am Bahrain hu ronn 67 Prozent vun de Wahlberechtegten hir Stëmm ofginn, obwuel d'Oppositioun zum Boykott opgeruff huet
Am Irak si wéinst Iwwerschwemmungen op d'mannst 21 Persounen an de leschten zwee Deeg ëm d'Liewe komm
An eiser Emissioun Riicht eraus war d'Thema Kanner a Literatur - hei war et ënner anerem en Appell un d'Elteren, mat hire Kanner ze liesen