arrow_back_ios
Aktuelles
Net ëmmer op Aenhéicht
Journalismus op Aenhéicht bedeit, dass een als Reporter keen Ënnerscheed mécht tëscht deene Leit, iwwert déi ee schreift - ob se zu de sougenannten Éliten aus Politik a Wirtschaft gehéieren, oder ob se ganz ënnen an der Gesellschaft struewelen. D'Julia Friedrichs, eng däitsch fräi Journalistin a Publizistin, huet schonn a béide Milieue recherchéiert. Si huet kierzlech op enger Konferenz viru Journalisten a Journalismus-Studenten iwwer hir Vuen op de Beruff geschwat.