arrow_back_ios
Zäithistoriker
Auserwielte Vollek
Et gi verschidden Aart a Weisen d'Schicksal vun engem Vollek ze erzielen, déi zu Lëtzebuerg dominéiert ass a sengem Kär ganz offensichtlech chrëschtlech. D'Erzielung vum Zweete Weltkrich, als nationale Mythos, baséiert souwuel op dem altestamentleche Modell vun der Proufstellung vum auserwielte Vollek, wéi op den neitestamentlechem Modell vun der Erléisung duerch Selbstaffer. Eng Narratioun, déi de Judde keng Plaz gelooss huet.
Eng Chronik vum Zäithistoriker Vincent Artuso.