Kultur
D'Suzan Noesen an d'Nora Wagner beim Engel
Juni 2017 hat de Kulturministère a sengem Konschthaus beim Engel den Ausstellungszyklus "Intro_" lancéiert. All Mount ass eng weider Facett vun der Kreativitéit zu Lëtzebuerg presentéiert ginn. Am Kader vum "Intro_" stoungen am Engel an enger éischter Saison also net just klassesch Konschtrichtungen, mee och Aarbechte vu Keramikkënschtler bis Fashion Designer am Mëttelpunkt. Dësen Hierscht ass den "Intro_"-Cycle an déi zweet Ronn gaangen, déi aktuell Expo ass mat "Peinture" iwwerschriwwen. Explikatioune vum Kerstin Thalau.