Panorama
Panorama
Den CSV-Europadeputéierte Goerges Bach huet net méi wëlles mat an d'Europawahlen ze goen. Dat huet hien de Moien am 100,7-Interview confirméiert.
De Luc Frieden huet - eegener Ausso no - nach keng Decisioun geholl, ob hien d'nächst Joer op der CSV-Europalëscht wäert kandidéieren. Hie wéilt dat Mëtt oder Enn Januar entscheeden.
Geschat e Fënneftel vun alle Kanner a Jugendlechen am Ausland hätte méi oder manner uerg psychesch Problemer. Dat sot de René Schlechter, den Ombudsman fir d'Rechter vum Kand, de Moien op dëser Antenn.
De Südkoreaner Kim Jong-Yang ass neien Interpol-President.
D'Tribunal vun Tokyo hätt entscheet fir d'Garde à vue vum Carlos Ghosn ëm zéng Deeg ze verlängeren. Dat melle japanesch Medien.
Am Jemen wiere méi wéi 14 Millioune Leit vun enger Hongersnout bedroht - d'Hallschent dovu wiere Kanner, warnt d'UNICEF.