arrow_back_ios
Kultur
D'Originne vun der chinesescher Zivilisatioun
"Mat Hëllef vun 150 Objeten 3.000 Joer chinesesch Geschicht verstoen" esou annoncéiert d'Equipe vum Nationalmusée um Fëschmaart hir nei Expo "D'Originne vun der chinesescher Zivilisatioun - Archeologesch Schätz aus Henan". De Projet gouf an enker Zesummenaarbecht mam Henan Museum a weidere wichtege Kulturinstitutiounen aus der Provënz realiséiert. D'Kerstin Thalau ass vum Direkter vum Nationalmusée, de Michel Polfer, ënner anerem gewuer ginn, wéi et dozou koum.