arrow_back_ios
Kultur
"Europe Trilogy" vum Milo Rau
Den 29. an den 30. November gëtt am Neimënster de Spektakel "Empire" opgefouert. Et handelt sech ëm den drëtten an domat leschten Deel vun der "Europe Trilogy" vum Schwäizer Metteur-en-scène, Realisateur an Auteur Milo Rau. Fir d'Neimënster-Directrice Ainhoa Achutegui ass de Rau aktuell den interessantsten Dokumentar-Theatermaacher. Dowéinst presentéiert si zousätzlech nach bis de 27. Januar d'Milo-Rau-Video-Installatioun "Europe Trilogy". Explikatioune vum Kerstin Thalau.