Radioen

On air

Notturno  |  Francis The Great - Look Up In The Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Artillery

Release vun der Woch: Artillery - The Face Of Fear (8/10)

Et ass eng Kultband, ma si ass ferm ënnerbewäert an hunn et ni wierklech aus dem Underground erausgepackt.. Mir schwätze vun der dänscher Thrash Metal Band Artillery, déi haut hiren 9. Album The Face Of Fear erausbruecht hunn.

An deen 9. Album fiert do virun, wou d'Band op de leschten Albumen zënter hirer Reunion 2009 ënnerwee waren. Op mannst soundtechnesch, den Album gouf nämlech wéi déi lescht 4 Albume vum Soren Anderson produzéiert. Wann engem de Sound vun deenen Albumen also gutt fonn huet, wäert een och den neiste Longplayervun Artillery ze schätze wëssen.

Ma och a Punkto Songwriting kritt een op The Face Of Fear dat, wat een erwaart: energeschen, Riff-orientéierten a gutt strukturéierten, melodeschen Thrash Metal, mat enger uerdentlecher Portioun Heaviness.

Am Géigesaz zu enger ganzer Parti aneren Thrash Bands bréngen Artillery et och nach ëmmer fäerdeg alles a gesondem Mooss ze maachen. Sou fënnt een zwar wuel déi Elementer, déi ech virdru genannt hunn z. B. an de Stécker The Face Of Fear, Crossroads To Conspiracy, wat ech iech well als Single virgestallt hat, oder Sworn Utopia, ma et gëtt och genuch mid-tempo Momenter mat Tracks wié z. B. Thirst For The Worst, New Rage oder Pain; an doduerch kritt den Album genau déi richteg Dynamik fir net langweileg ze ginn.

Zousätzlech zu den 9 neie Lidder um Album huet d'Band och eng kleng Rees an d'Vergaangenheet gemaach an hunn e Stéck nei opgeholl, wat 2012 op hirem Legions Album drop war, nämlech Doctor Evil, woubäi ech de Sënn dovunner net ganz verstan hunn, well et just 5Joer hir sinn, an d'Produktioun quasi identesch ass.. Eppes wat méi Sënn mécht, dat ass de Fakt, dass se och e Lidd nei opgeholl hunn, wat op hirer alleréischter Demo am Joer 1982 drop war, nämlech Mind Of No Return.

Alles an allem ass The Face Of Fear e gudde Bewäis dofir, dass eng Band och nach no 35 Joer genuch Energie huet, e fulminanten Album voller Energie an Dynamik opzehuelen.

Playlist

Iron Maiden - The Loneliness Of The Long Distance Runner

August Burns Red - Winter Wilderness

While She Sleeps - Anti-Social

Puppy - The World Stands Still

He Is Legend - White Bat

Artillery - The Face Of Fear

Warkings - The Last Battle

Nailed To Obscurity - Black Frost

Fifth Angel - The Third Secret

Episoden