arrow_back_ios
Klassik aktuell
Sakralmusek am Operekleed
Dem Gioacchino Rossini seng "Petite Messe solennelle" huet Konjunktur zu Lëtzebuerg. En nächsten Dënschdeg ass et déi drëtte Kéier, datt d'Wierk dës Joer zu Lëtzebuerg opgefouert gëtt - an dat dës Kéier an der Urfassung fir 12 Sänger, Piano an Harmonium. De Rossini war sech an eegener, ironescher Aschätzung net sécher, ob hien hei "Musique sacrée oder sacrée musique" geschriwwen hätt.