Kultur
Lëtzebuerger Buchpräis 2018
Den Nico Helminger ass mat sengem Romanwierk "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge" de Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis. D'Literaturpräisser, déi vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren all Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg organiséiert ginn, si gëschter Owend (15.11.) zu Walfer iwwerreecht ginn. Nieft der Literatur sinn och Kanner- a Jugendbicher, sou wéi an enger weiderer Kategorie e Sach- oder Konschtbuch ausgezeechent ginn. Da gëtt et nach de Publikumspräis an de Coup de Coeur vum Jury, deen dëst Joer un d'Nathalie Ronvaux gaangen ass fir hire Roman "Subridere - Un aller simple". D'Valerija Berdi mat Detailer.