Kultur
The Other Side of Everything
Een aussergewéinlechen Documentaire, deen d'Spaltung vum Land, vu Meenungen a vu Generatiounen zum Thema huet. Déi jonk serbesch Geschicht gëtt unhand vun enger ganz perséinlecher Geschicht erzielt. "The Other Side of Everything" gouf elo mam Prix Lux du cinéma, deen d'Europäescht Parlament all Joer vergëtt, ausgezeechent. Valerija Berdi huet déi intimistesch Approche vum Film iwwerzeegt.
De Film gëtt haut (13.11.) den Owend am Ciné Utopia gewisen, um 19:00.
Dës Virstellung ass vum Institut Pierre Werner, CinEast an Informatiounsbüro vum Europäesche Parlament organiséiert.