Kultur
E Komiker mat Niveau a Stil
De Vicco von Bülow alias Loriot konnt ee sécher de "Grandseigneur vum däitschen Humor" nennen. De Komiker, Acteur, Zeechner, Bühnebildner, Kostümier, Schrëftsteller, Regisseur a Professer fir Theaterkonscht Loriot war an Däitschland e Markenzeeche vum intelligenten Televisiounsentertainment. Am Contraire zu anere Komiker oder besser Comedians huet de Loriot, als Bouf vun engem preisesche Berufsoffizéier, a sengem Witz vill Wäert op Manéieren an op de gudden Toun geluecht. De Loriot géif haut op den Dag 95 Joer kréien. Hien ass de 24 August 2011 am Alter vu 87 un Altersschwächt gestuerwen. De Jean Claude Majerus denkt un de groussen däitsche Komiker zeréck.