arrow_back_ios
Kultur
De Prix Pierre Werner 2018
Den 9. November huet déi véierte Luxembourg Art Week hir Dieren opgemaach. Bis den 11.11. inclus presentéiere 50 Exposanten, also confirméiert a jonk Galeristen, ASBLen, Institutiounen a Kënschtler an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg zäitgenëssesch Konschtwierker. Parallel dozou war Vernissage vum Hierschtsalon vum Cercle artistique am Tramsschapp. An zwar mat der Präisiwwerreechung vum Prix Pierre Werner 2018. D'Kerstin Thalau war do.