Radioen

On air

Notturno  |  Francis The Great - Look Up In The Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Soulfly - Ritual (8/10)

Den 19. Oktober hu Soulfly hiren neien Album "Ritual" bei Nuclear Blast erausbruecht. Interessant ass, datt sech d'Band am Laf vun hirer Carrière iergendwéi ëmmer méi zu de Wuerzele vu Sepultura zréckbeweegt huet a mat der Zäit ëmmer méi Thrash Metal Elementer mat agebaut hunn. Bei "Ritual" ass dat bëssen anescht, hei ass et éischter ee Back to the Roots vu Soulfly.

Eleng den Titeltrack an Opener Ritual ass eng Kombinatioun aus typesch markante Roots, bzw Primitive a Prophecy Cavalera Momenter mat sengem ustiechende Groove a primitivem Tribal Gesang an erënnert dobäi, wéi gesot, un déi éischt Albume vu Soulfly.

Souguer déi bësse méi thrasheg an technesch Stécker, wéi z. B. "Bite the Bullet" hunn eng uerdentlech Portioun Groove um Start. "Bite the Bullet" verbënnt esou gekonnt technesch Gittar Sweeps mat perkussiven Drums a spontane Bass Linnen ... Definitiv och een Héichpunkt vum Album.

Luewenswäert ass op Ritual definitiv dem Zyon Cavalera seng Aarbecht op der Batterie. Dem Max Cavalera säi Bouf, deen zanter sechs Joer an der Band ass, spillt mat enger onvergläichbarer Loscht an Dynamik. An et fält och net ob, datt hien d'Ufäng vun der Band nach net materlieft hat a verbënnt Elementer aus all den Ärae vu Soulfly. Bescht Beispill heivir ass wuel den Track "Demonized" op deem hien dat perfekt Gläichgewiicht aus Kraaft, Technik a leidenschaftlechem Groove erreecht.



Wiem dës Approche net gefält kann eventuell awer och iwwerrascht ginn. Mam Track "Feedback" traut sech d'Band och eng éischte Kéier bëssen eng Rock n Roll Richtung anzeschloen an am Closer vum Album Soulfly XI ass esouguer bësse Saxophon ze héieren.

Mee och dat ass jo och iergendwéi bëssen Traditioun fir Soulfly. Och op fréieren Albumen huet d'Band ëmmer nees mat aneren Instrumenter a Genren experimentéiert, déi u sech net sou Metal sinn. Ech erënnere mech do spezifesch z. B. u Reggae mat Trompett um Album Prophecy..

Ech ka mech just de ville Fans uschléissen, fir déi Ritual mat dee beschte Soulfly Album zanter laangem ass. Dir héiert da lo och déi aktuell Single, "Under Rapture".

Playlist


Unleashed - Death Metal Victory
Opeth - Ghost Of Perdition (Live @ Red Rocks)
Cellar Darling - Insomnia
Skull Pit - Blood Titan
Blitzkrieg - All Hell Breaks Loose
Seven Thorns - Evil Within
Soulfly - Under Rapture
Blackdraft - Chapter 10 Fight
Fusion Bomb - Powersource
Atomic Rocket Seeders - New Age Role Model

Episoden