Kultur
Milo Rau a säi Kongo-Tribunal
Sechs Milliounen Doudeger an d'Welt huet sech net dofir interesséiert. Dat ass de Fazit no 20 Joer Krich am Kongo. Datt de Kongo awer weltwäit deen zweetgréisste Liwwerant vum Mineralstoff Coltan ass, deen a praktesch allen elektronesche Geräter stécht, wëssen déi Mannst.
Duerch den Ofbau vum Coltan vun internationale Konzerner, verbessert sech d'Liewenssituatioun am Kongo absolut net. Wie sinn déi Responsabel? De Milo Rau huet e fiktiivt Geriicht am Ostkongo zesummegestallt an no de Schëllege gesicht. E Prozess, dee keng rechtlecht Valeur huet an awer villes beweegt huet. D'Valerija Berdi huet de Film "Das Kongo-Tribunal", deen am Kader vun den DACH-Filmdeeg gewise gouf, an der Cinemathéik gesinn.