Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Meet Your Maker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Review vun der Woch: Opeth - Garden of the Titans (9/10)

Am Laf vun hirer bal 30 Joer laanger Carrière huet déi schwedesch Progressive Metal Band Opeth well dräi Live Albumen erausbruecht, op deenen - ofgesi vum "Lamentations" Live Album vun 2003 - ëmmer Stécker aus der ganzer Carrière vun der Band presentéiert goufen. Dat ass och op "Garden of the Titans" de Fall, op deem hiren Optrëtt ze gesinn an ze héieren ass, dee si zejoert am Mee am Kontext vun der Sorceress Tour am Red Rocks Amphitheater bei Denver am Colorado zum Beschte ginn hunn, an deen haut (2.11.18) esouwuel als Blu-ray, wéi och als DVD, CD, Vinyl an digital erauskoum. Et feelen allerdéngs - wéi gewéinlech op de Concerten an de leschte Joren - d'Lidder vun den éischten zwee Albumen. Ausserdeem ass et den éischte Live Album, op deem et och Stécker vun den dräi leschten, manner metalleschen Albumen ze héiere gëtt, notamment "Sorceress", "The Wilde Flowers" an e Stéck, wat se nach net sou dacks live gespillt hunn, nämlech "Era".

An och wann d'Lidder vun Heritage, Pale Communion a Sorceress méi u Progressive Rock aus de 70er erënneren, wéi un den Death Metal, deen Opeth am Ufank vun hirer Carrière gemaach hunn, passen dës Stécker dach iergendwéi wonnerbar an d'Seltlist, wat wuel ënner anerem dorunner läit, datt d'Produktioun vum Album extrem gutt ass, an alles vu fir bis hanne fett, heavy an awer och immens kloer, voll an oppe kléngt, an datt d'Band och mam Tempo gespillt huet fir déi nei Lidder méi heavy kléngen ze loossen, wat virun allem bei Sorceress opfält, wat e Krack méi lues virugeet.

Op der anerer Säit hëlleft et natierlech och, datt live och bei den ale Lidder de Keyboard dacks an den Asaz kënnt, an doduerch de ganze Concert méi homogen wierkt.



D'Band weist sech, vun e puer klenge Feeler oder Onsécherheeten an de Lyrics an enger hallwer Nout, déi an engem Solo falsch war, vun hirer beschter Säit an et kann een ëmmer nëmmen op en Neits staunen, wéi gutt d'Schweden hir Instrumenter beherrschen.

Och de Sänger Akerfeldt, deen an de leschten 10 bis 15 Joer live dacks Schwieregkeete mat de Growls hat, huet um Red Rocks Concert déi Growls ausgepak, déi hien ëm d'2000er Wend op den Zenit vun de gudde Growler katapultéiert hat.

Den Album Cover, op deem d'Red Rocks zesumme mat de Gesiichter vun de Band-Memberen ofgezeechent sinn, ass iwwregens och wonnerschéi gemaach an erënnert un de Mount Rushmoore an ass gläichzäiteg eng Referenz un de véierte Deep Purple Album "Deep Purple In Rock".

Fir Opeth Fans e Muss!

Playlist


Sepultura - Escape To The Void
Virgin Steele - Hearts On Fire
Metal Church - Out Of Balance
Faanefjell - Styggedommen Vaakner
Jinjer - Ape
Opeth - Heir Apparent
Mindpatrol - For The Living
Ihsahn - Lend Me The Eyes Of Milennia
Soilwork - Full Moon Shoals
Lost In Pain - Gold Hunters

Episoden